Sie sind hier

Louis Muller

Steesel-Mëlleref Heeschdref

69 Joer

Pensionéierten Europafonctionnaire
Sécherheetskommissioun
Keessjee DP Steesel

Ech sinn de 27. Mee 1948 an der Stad Lëtzebuerg gebuer, wou ech och meng Kannerzäit a Jugend verbruecht hunn.

Zënter 40 Joer sinn ech bestuet mam Marie-Nicole Ensch, wunnen a menger Fra hirem Heemechtshaus zu Mëlleref, a si Papp vun 2 erwuessene Kanner, dem Max an dem Carole.

No der Handwierkerschoul an dem Technikum hunn ech ënner anerem beim Bureau d'Etudes Goblet geschafft, bis ech als Fonctionnaire op d'Europaparlament komm sinn, wou ech 33 Joer täteg war, bis ech kuerz viru mengem 69ten Gebuertsdag an d'Pensioun gaange sinn.

Zënter laangem sinn ech Keessjee vun der DP Steesel an a verschiddene Kommissiounen an eiser Gemeng aktiv. Ganz speziell setzen ech mech fir d'Sécherheet an eiser Gemeng an. Ech wëll awer och do sinn, esouwäit et mer méiglech ass, fir d'Leit aus onser Gemeng déi Hëllef brauchen.


Je suis né le 27 mai 1948 à Luxembourg-Ville où j'ai grandi et passé ma jeunesse.

C’est depuis 40 ans que je suis marié avec Marie-Nicole Ensch, et nous habitons dans la maison parentale de mon épouse à Mullendorf. Je suis père de 2 enfants adultes, Max et Carole.

Après l'Ecole des Arts et Métiers et l'Institut d'Enseignement Technique, j’ai été employé entre autres au Bureau d'Etudes Goblet avant de rejoindre le Parlement européen, où j’ai travaillé pendant 33 ans. J’y ai pris ma retraite peu avant mon 69e anniversaire.

Depuis de longues années je suis le trésorier du DP Steinsel et je suis également actif dans diverses commissions de la commune. Je m’engage particulièrement pour la sécurité dans notre commune, mais je suis prêt à aider, dans la mesure de mes disponibilités et où je peux, tous les habitants de notre commune.