Sie sind hier

Jana Degrott

Steesel-Mëlleref Heeschdref

23 Joer

Droit Studentin zu Bréissel
Jonk Demokraten Vertrieder an der Jugendkonferenz CGJL

Ech wunnen zënter 2007 zu Heeschdref.

Momentan studéieren ech Droit zu Bréissel. Ech hu mech vu 16 Joer un fir d‘Politik interesséiert, sinn dann och aus dem Grond an d’Jugendparlament gaangen, wou ech haaptsächlech an der Educatiounskommissioun aktiv war. Duerno sinn ech am Europäesche Jugendparlament aktiv ginn, wou ech d’Chance hat Lëtzebuerg op verschiddene Konferenzen ze vertrieden.

Nieft dem politeschen Engagement hunn ech awer och virun 2 Joer mat Frënn eng Associatioun gegrënnt, BeHuman Luxembourg asbl, fir déi d’Haaptzil ass Projeten ze organiséieren an de Benefice un aner lokal Organisatiounen ze spenden.

Ech sinn 2013 Member bei der JDL ginn, an 2015 bei der DP. Am Moment vertrieden ech d’Jonk Demokraten (JDL) an der Jugendkonferenz (CGJL). D’Jugendkonferenz ass den Daachverband vun de Jugendorganisatioune vu Lëtzebuerg.

Ech war awer och eng Zäit an der Steeseler Musek an am Basket.

All déi Aktivitéite gehéieren zu mengen Hobbyen, awer ech kachen och gär a verbréngen och Zäit mat der Famill a de Frënn.


J’habite à Heisdorf depuis 2007.

En ce moment je fais des études de droit à Bruxelles. Depuis mes 16 ans je m’intéresse à la vie politique, raison pour laquelle j’ai rejoint le Parlement des Jeunes, où j’ai surtout été active dans la Commission de l’Education. Ensuite j’ai exercé des activités au sein du Parlement européen des Jeunes, où j’ai eu la chance de représenter le Luxembourg à diverses conférences.

En plus de mon engagement politique, j’ai aussi fondé il y a 2 ans une association avec quelques amis : BeHuman Luxembourg asbl. Celle-ci a comme principale vocation d’organiser des projets dont le bénéfice revient à d’autres organisations locales.

C’est en 2013 que je suis devenue membre de la JDL, et en 2015 du DP. Actuellement je représente les « Jonk Demokraten » (JDL) auprès de la Conférence des Jeunes (CGJL). Cette conférence est l’organisme cadre qui regroupe toutes les organisations de jeunes au Luxembourg.

Pendant un certain temps, j’ai également fait partie de l'Harmonie de la Commune de Steinsel et du club de basket.

En plus de ces passe-temps, j’aime aussi cuisiner et passer de bons moments avec ma famille et mes amis.