Sie sind hier

Jacques Lanners

Steesel-Mëlleref Heeschdref

59 Joer

Ingenieur
PDG vum Groupe Ceratizit
Entrepreneur vum Joer 2009
President vum Conseil vum Groupe Losch

Ech si mam Marianne Pierrot bestuet. Mir hu véier erwuesse Kanner d‘Cathy, de Pierre, d‘Véronique an d‘Christine an ech si Grousspapp vu 4 Jongen.

Zënter 1988 wunnen ech an der Gemeng Steesel.

Vu Formatioun Ingenieur, dirigéieren ech e Weltgrupp am Beräich vun der Metallindustrie. 2009 Entreprener vum Joer, interesséieren ech mech fir alles wat zu enger Verbesserung vun der Liewesqualitéit a menger Gemeng bäidréit.

Fir d'zweete Kéier stellen ech mech de Wahlen um kommunale Plang an der Hoffnung, datt meng Gemeng kann ënges Daags vu menger Direktiounserfarung profitéieren. Bei de leschte Chamberwahle war ech och Kandidat am Zentrum fir d'Demokratesch Partei.

Denkt un eis den 8. Oktober!


Je suis marié à Marianne Pierrot, père de quatre enfants adultes: Cathy, Pierre, Véronique et Christine, et grand-père de 4 garçons.

C’est depuis 1988 que j’habite la commune de Steinsel.

Ingénieur de formation, je dirige un groupe mondial dans le domaine de la métallurgie. Entrepreneur de l’année en 2009, je m’intéresse à tout ce qui touche à l’amélioration des conditions de vie dans ma commune.

Je me présente aux élections communales pour la deuxième fois, dans l’espoir d’un jour pouvoir faire profiter ma commune de mon expérience en management. J'étais également candidat sur la liste centre du Parti Démocratique lors des dernières élections législatives.

Le 8 octobre pensez à nous!