Sie sind hier

François Elvinger

Steesel-Mëlleref Heeschdref

62 Joer

Pensionéierte Verkafsdirekter
Beroder
Vizepresident DP Steesel
Member vum Beruffungsrot ber der FLBB

Ech sinn als drëtt Kand vun enger aler Walfer Famill op d'Welt komm an hu mech virun 34 Joer mam Monique Kill bestuet. Mir hunn zwee Bouwen a wunnen zanter bal 30 Joer an der "Wëll Sau" zu Steesel.

No Statioune bei der Bofferdeng's Brauerei a bei der Agrilux, hunn ech 1993 beim Héentz ugefaangen an dunn, niewent verschiddenen anere Funktiounen, d'Direktioun vum Verkaf iwwerholl. Zanter menger Deelpensioun Enn 2014, bleiwen ech awer weiderhin als Beroder am Asaz.

Niewent der Schoul an dem Job, hunn ech meng éischt Lizenz am Basket an der Saison 1967/68 zu Walfer kritt. No engem hallwe Joerhonnert am Déngscht vum Basket, sinn ech awer weiderhi Member am Beruffungsrot vun der FLBB.

Mengem Sport, awer och der DP sinn ech ëmmer trei bliwwen a sinn 1988 vu Walfer an d'Steeseler Sektioun gewiesselt. Zanter 1996 sinn ech Vizepresident a setze mech virun allem fir gutt Infrastrukturen am Sport a fir aner Veräiner an. De Benevolat läit mer um Häerz genausou wéi eng gutt Liewensqualitéit a ville Punkte wéi Wunnen a Mobilitéit.

No engem gutt erfëllte Beruffsliewen, verbréngen ech lo vill méi Zäit doheem an op der Rees, dëst mat menger Famill oder a gudder Gesellschaft mat Frënn a Bekannten.


Je suis né en tant que troisième enfant d’une ancienne famille de Walferdange et j’ai marié Monique Kill il y a 34 ans. Nous avons deux garçons et nous habitons depuis presque 30 ans à la « Wëll Sau » à Steinsel.

Après avoir travaillé à la Brasserie Bofferding puis chez Agrilux, j’ai commencé en 1993 auprès de Heintz van Landewyck, où j’ai occupé divers postes et finalement celui de directeur des ventes. Depuis ma retraite partielle fin 2014, je reste actif en tant que consultant pour l’entreprise.

En parallèle à mes études et à mon travail, j’ai obtenu ma première licence en basket pour la saison 1967/68 à Walferdange. Après un demi-siècle au service du basket, je suis resté membre de la cour d'appel de la FLBB.

Je suis resté fidèle à mon sport préféré mais aussi au DP: en 1988 j’ai quitté la section de Walferdange pour celle de Steinsel. Depuis 1996 je suis vice-président du DP Steinsel et depuis ce moment-là je m’engage pour de bonnes infrastructures sportives et pour d’autres associations. J’attache beaucoup d’importance au bénévolat ainsi qu’à une bonne qualité de vie sur plusieurs points, notamment le logement et la mobilité.

Après une carrière bien remplie, je passe beaucoup plus de temps chez moi ou en voyage, avec ma famille ou en bonne compagnie avec des amis ou des connaissances.