Sie sind hier

Generalversammlungen vun der JDL an DP Steesel

Colette Schwartz Weber Paul Schintgen Jana Degrott Claude Schintgen Siggy Rausch Louis Muller Jacques Lanners

Den 8. Mäerz hate mir zwou gutt besichte Generalversammlungen noeneen an der Mëllereffer Stuff.

De Sall war gutt gefëllt mat Frënn vun der Partei aus allen Alterskategorien.

D'Wichtegkeet, jonk Leit mat anzebanne gouf vum JDL Vizepresident Michael Agostini ugeschwat.

Bemierkenswäert war och dem Gemengeconseiller Claude Schintgen säi Rapport iwwert d'Oppositiounsaarbecht vun eise véier Conseiller'en am Steeseler Gemengerot.

E puer vun eise Membere goufe fir hire laangjäregen Asaz geéiert.

Duerno hunn d'Parteipresidentin Corinne Cahen an de Generalsekretär Claude Lamberty e puer Wuert un eis geriicht.

Interessant war och, dräi vun eise Kandidate fir d'Europawahlen nozelauschteren. Dëst waren de Loris Meyer, d'Monica Semedo an d'Anne Daems. Mir wënschen hinnen an och deenen anere Kandidate vill Gléck an de kommenden Europawahlen!