Sie sind hier

De Steeseler Schäfferot entsprécht net dem Wielerwëllen!

Jana Degrott Claude Schintgen Siggy Rausch Jacques Lanners

D’Demokratesch Partei Steesel-Mëlleref-Heeschdref seet all senge Wieler villmools Merci fir d’Ënnerstëtzung bei de Gemengewahlen.

De Gewënner vun de Wahlen an der Gemeng Steesel war ganz kloer d’DP mat engem Plus vu 7,09 % op 33,59 % a mat engem weidere Sëtz op elo 4 Sëtz.

Awer leider hunn d’LSAP an d’CSV eng Koalitioun gemaach an d’DP géint de Wielerwëllen erëm eng Kéier an d’Oppositioun geschéckt. Dëst Verspriechen hate si sech schonns virun de Wahle ginn, ouni mol d’Resultat ofzewaarden.
De Schäfferot vun LSAP an CSV huet decidéiert den einfache Wee ze goen, am alen Trott virun ze fueren ouni dem Wonsch op e politesche Changement vum Wieler Rechnung ze droen.

D’DP Steesel versprécht selbstverständlech weiderhin an de nächste Joeren eng sachlech, gewëssenhaft a fair Oppositiounsaarbecht ze leeschten, am Sënn vun enger gudder Liewesqualitéit an eiser Gemeng.